Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Ministère de la Sécurité Sociale du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
 Recherche
 x Recherche avancée
  Accueil | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | FAQ | Glossaire | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> Accueil > FAQ > FAQ Dépendance > FAQ (luxembourgeois)

FAQ (luxembourgeois)

Vers le niveau supérieur

Wéini sinn ech an der Fleegeversécherung verséchert ?

Wann Dir an der lëtzebuerger Krankekeess verséchert sidd, da sidd Dir automatesch och an der Fleegeversécherung verséchert.

Haut de page

Wéini soll ech eng Demande bei der Fleegeversécherung stellen ?

Et soll een eréischt eng Demande bei der Fleegeversécherung stellen, wann een duerch eng medezinesch Ursaach bedéngt, eng regelméisseg an intensiv Hëllef vun enger Persoun bei den alldeeglechen Aktivitéite vum Liewe brauch an dat fir mindestens 6 Méint.

Haut de page

Wou kréien ech de Formulaire de Demande ?

Dir kënnt de Formulaire de Demande bei der CNS, bei der CEO oder um Ministère de la Sécurité Sociale ufroen. Dir kënnt Iech en awer och direkt vum Internet eroflueden www.mss.public.lu

Haut de page

Wéini ass meng Demande komplett ?

Är Demande ass komplett wann Dir de Formulaire de Demande mam Rapport vum Dokter (R20) erageschéckt hutt. Et ass wichteg all déi Casen auszefëllen, déi Iech betreffen a vergiesst net, fir de Formulaire de Demande ze ënnerschreiwen. Dir schéckt duerno de Formulaire de Demande mam Rapport vum Dokter u folgend Adress :

Caisse Nationale de Santé - Assurance-dépendance
b.p. 1023
L-1010 Luxembourg

Haut de page

Wéi weess ech, datt meng Demande ukomm ass ?

Dir kritt bannent kuerzer Zäit eng schrëftlech Bestätegung vun der CNS.

Haut de page

Wat geschitt mat menger Demande, wann se enregistréiert ass ?

Är Demande gëtt vun der CNS un d’CEO weidergeleet. E Mataarbechter vun der CEO setzt sech mat Iech oder Ärem Aidant informel a Verbindung fir Är Fleegesituatioun opzehuelen.

Haut de page

Vu wéini un hunn ech e Recht op Leeschtungen ?

Dir hutt e Recht op Leeschtunge vun deem Dag u wou Äre Formulaire de Demande mam Rapport vum Dokter (R20) bei der CNS eragaang ass.

Haut de page

Wat maachen ech, wann ech dréngend technesch Hëllefsmëttel brauch ?

Dir kënnt direkt op eiser Helpline fir technesch Hëllefsmëttel uruffen, wou Dir och berode gitt. Dir erreecht d’Helpline

méindes a freides vun 08:30 – 11:30
méindes, mëttwochs a freides vun 14:00- 17:00
ënnert der Telefonsnummer : 247 - 86040

Haut de page

Kann ech och selwer technesch Hëllefsmëttel kafen oder bestellen ?

D’Bestellung vun techneschen Hëllefsmëttel geschitt ëmmer iwwert d’CEO. Wann Dir Iech am Virfeld Saachen uschaaft, ginn déi net vun der Fleegeversécherung zréckbezuelt.

Haut de page

Wat maachen ech am Fall vu Reparatiounen ?

Am Fall vu Reparatioune kënnt Dir Iech un den SMA wenden. Eng Rei vu Reparature kënnen direkt vun dësem Service gemaach ginn.

Haut de page

Wat muss ech maachen, wann ech en Ëmbau vun der Wunneng brauch ?

Dir fëllt e Formulaire de Demande aus a kräizt d’Case « demande pour adaptation logement » un. Dir schéckt dëse Formulaire mam Rapport vum Dokter (R20) u folgend Adress.

Caisse Nationale de Santé - Assurance-dépendance
b.p. 1023
L-1010 Luxembourg

E Mataarbechter vun der CEO kënnt bei Iech doheem laanscht a kuckt mat Iech zesumme wéi eng Ëmbauaarbechten noutwenneg a méiglech sinn. Wann Dir schonn ugefaangen hutt ëmzebauen, da kënnen dës Käschten net vun der Fleegeversécherung iwwerholl ginn.

Haut de page

Wat muss ech maachen, wann ech eng Upassung vum Auto brauch ?

Dir fëllt e Formulaire de Demande aus a kräizt d’Case « demande pour adaptation voiture automobile » un. Dir schéckt dëse Formulaire mam Rapport vum Dokter (R20) u folgend Adress.

Caisse nationale de Santé - Assurance-dépendance
b.p. 1023
L-1010 Luxembourg

E Mataarbechter vun der CEO kënnt bei Iech doheem laanscht a kuckt mat Iech zesumme wéi eng Adaptatioun noutwenneg a méiglech ass.

Haut de page

Wou kréien ech eng Kaart fir d’Behënnerteparkplaz ?

Dës Kaart kënnt Dir um Ministère des Transports ufroen.

Tél : 247 - 84464

Haut de page

Wat ass eng Prestation en nature ?

Dat si Fleegeleeschtungen déi vun engem professionellen Service erbruecht ginn, onofhängeg dovunner ob Dir an engem Etablissement (Alters- oder Fleegeheim), engem Centre semi-stationnaire oder doheem betreit gitt.

Haut de page

Wat ass eng Prestation en espèces ?

Dat ass eng Geldleeschtung. Et besteet d’Méiglechkeet en Deel vun de Leeschtungen, déi eng fleegebedürfteg Persoun doheem brauch, a Geldleeschtungen ëmzeänneren. Dës Geldleeschtung ass geduecht , fir den Aidant informel ze bezuelen.

Haut de page

Kann ech Natur- a Geldleeschtungen zesumme kréien?

Jo, eng fleegebedürfteg Persoun déi esouwuel Hëllef vun engem Réseau d’aides et de soins ewéi vun engem Aidant informel kritt ka gläichzäiteg Recht op Naturleeschtungen a Geldleeschtunge kréien.

Haut de page

Wat ass een Aidant informel ?

Mat Aidant informel ass déi Persoun gemengt, déi sech regelméisseg ëm eng fleegebedürfteg Persoun doheem këmmert an déi kengem professionelle Fleegedéngscht ënnersteet. Den Aidant informel ass oft ee vun de Kanner oder de Liewenspartner. Et kann awer och eng Persoun sinn, déi Dir privat astellt fir d’Fleeg ze erbréngen.

Haut de page

Wéi eng Rechter huet een Aidant informel ?

D’Fleegeversécherung iwwerhëlt fir den Aidant informel eng Cotisatioun fir d’Pensiounsversécherung am Fall wou dës Persoun keng perséinlech Pensioun huet.

Haut de page

Ween ass zoustänneg fir d’Ausbezuele vun de Leeschtungen ?

D’CNS ass heifir zoustänneg. D’Leeschtunge ginn 1 mol pro Mount ausbezuelt.

Haut de page

Kann de Reseau mir eng Rechnung schreiwen ?

De Reseau, d.h. de Fleegedéngscht kann a verschiddene Fäll eng Rechnung schreiwen

  • Am Fall wou Dir net als fleegebedürftig Persoun unerkannt gitt
  • Am Fall wou Dir Leeschtunge vum Fleegedéngscht kritt hutt, déi net vun der Fleegeversécherung iwwerholl ginn.

Ech hunn eng Rechnung vum Reseau kritt, hunn awer nach keng Decisioun ?

An dësem Fall bezuelt Dir d’Rechnung. Wann Dir spéider als fleegebedürfteg Persoun unerkannt gitt, kritt Dir dës Suen rëm zréckbezuelt.

U wee kann ech mech wenden, wann ech direkt Hëllef brauch ?

Dir kënnt direkt mat engem Fleegedéngscht Kontakt ophuelen. Eng verantwortlech Persoun vun dësem Fleegedéngscht kënnt da bei Iech doheem laanscht a kuckt mat Iech zesummen, wéi eng Hëllef datt Dir braucht. Wann Dir no der Ënnersichung an de Froe vun der CEO als fleegebedürfteg Persoun unerkannt gitt, da kritt Dir déi Leeschtunge bis zu deem Datum zréckbezuelt, wou Är Demande mam Rapport vun Ärem Dokter enregistréiert ginn ass.

Wat ass e Vakanzebett ?

E Vakanzebett ass e Bett, dat verschidden Etablissementer de Leit während enger gewësser Period am Joer zur Verfügung stellen. Dës Better sinn als Iwwergangsperiod geduecht, wann eng fleegebedürfteg Persoun während enger gewësser Zäit doheem net kann optimal betreit ginn oder awer well hiren Aidant informel während enger Zäit net kann déi noutwenneg Fleeg erbréngen oder awer Vakanz mécht.

Wann Dir schonn e Fleegeplang hutt, da gëtt en automatesch vum Heim iwwerholl. Dir bezuelt just de Pensiounspräis. Dorënner versteet een normal Hotelskäschten.

Wéi ginn ech vir, wann ech e Bett an engem Etablissement brauch ?

D’Etablissementer beleeën hir Better selwer an dofir ass et sou, datt Dir an deenen Haiser déi Iech intresséieren, selwer urufft an Iech op hir Waardelëscht setze loosst. Dir gitt dann och gewuer, wéi laang datt et nach kann daueren, bis datt e Bett fräi gëtt.

Kréien ech eng Hëllef wann ech de Pensiounspräis an engem Etablissement net bezuele kann ?

Jo. De Stat hëlleft Iech do no engem bestëmmte Regelwierk de Pensiounspräis ze bezuelen. Heifir huelt Dir am beschte Kontakt mam Fonds national de solidarité op.

Wat geschitt, wann ech ausserhalb vu Lëtzebuerg an en Etablissement ginn ?

Dir bezuelt de Pensiounspräis. D’Fleegeleeschtunge ginn nom Tarif vun deem Land bezuelt an deem Dir lieft.

Wéi eng Leeschtunge ginn am Etablissement vun der Fleegeversécherung bezuelt ?

Bezuelt ginn all d’Leeschtungen déi vun der CEO am Fleegeplang festgehal gi sinn. Dat si normalerweis Hëllef am Beräich vun der Kierperfleeg, Hëllef beim Iessen, Aus- an Undoen. Zousätzlech kënnen dat awer och nach individuell an/oder Gruppenaktivitéite sinn. Verschidden technesch Hëllefsmëttel ginn och an engem Etablissement bezuelt.

Wéi gëtt meng Demande behandelt, wann ech an der Reeducatioun sinn ?

D’Fleegeversécherung hält am Fall vun enger Reeducatioun Ären Dossier sou laang en suspens bis datt mir vun Ärem zoustännegen Dokter matgedeelt kréien, datt Ären Zoustand stabel ass. Dir gitt da vun engem Mataarbechter vun der CEO kontaktéiert an da gëtt Är Fleegesituatioun opgeholl.

Wéi gëtt meng Demande behandelt, wann ech hospitaliséiert sinn ?

D’Fleegeversécherung hält am Fall vun enger Hospitalisatioun Ären Dossier sou laang en suspens bis datt Dir rëm entlooss sidd. Dir gitt och da vun engem Mataarbechter vun der CEO kontaktéiert.

Sou laang wéi Dir an enger Klinik behandelt gitt, sidd Dir an engem Gesondheetszoustand deen net stabel ass. D’CEO ka fir Iech e Fleegeplang réischt opstellen, wa sech Ären Zoustand stabiliséiert huet an Dir och no der Hospitalisatioun nach fir mindestens 6 Méint op Fleeg an Hëllef ugewise sidd.

Wéini gëtt de Centre de jour vun der Fleegeversécherung iwwerholl ?

De Centre de jour gëtt iwwerholl

Leet d’Fleegeversécherung eppes bäi, wann ech Hëllef am Stot brauch ?

Jo, awer just an dem Fall wou Dir och als fleegebedürfteg unerkannt gi sidd. Dir kënnt dann 2,5 oder 4 Stonnen Hëllef pro Woch fir de Stot ze maachen, opgeschriwwe kréien.

Wat versteet een ënnert Produits d’aides et de soins?

Dat ass e Forfait pro Mount deen eng fleegebedürfteg Persoun doheem kritt, wann se Inkontinenzmaterial brauch.

Wéini kann ech eng nei Evaluatioun vu menger Situatioun ufroen ?

Wann Dir schonn e Fleegeplang hutt, da kënnt Dir fréistens 6 Méint nom Datum vun der Decisioun eng nei Evaluatioun ufroen. Am Fall wou sech Ären Zoustand awer lo grondleeënd verännert huet an Dir vill méi Fleeg braucht, da kënnt Dir eng nei Evaluatioun vun Ärer Situatioun och scho viru 6 Méint ufroen. An dësem Fall brauche mir da vun Iech eng schrëftlech Motivatioun déi Dir mat dem Formulaire de demande a mam Rapport médical raschéckt.

Wéi eng Leeschtunge kann ech kréien, wann ech am Ausland wunnen an zu Lëtzebuerg cotiséieren ?

Wann Dir eng Demande stellt, gitt Dir entweder hei zu Lëtzebuerg an de Raimlechkeete vun der Fleegeversécherung ënnersicht oder awer vun dem Service deen an Ärem Land fir dës Aarbecht kompetent ass. Et gëtt gekuckt, wéivill a wéi eng Form vun Hëllef datt Dir braucht. Fir Iech gëtt dann en individuelle Fleegeplang opgestallt. Dir hutt , jee nodeem wéi schwéier fleegebedürfteg Dir sidd, Recht op maximal 10,5 Stonne Fleeg, déi Dir dann als Geldleeschtung ausbezuelt kritt.

Wéi eng Méiglechkeet hunn ech, wann ech mat menger Decisioun net averstane sinn ?

Wann Dir mat Ärer Decisioun net averstane sidd, hutt Dir d’Méiglechkeet, fir beim President vun der CNS schrëftlech Recours anzereechen an ze erkläre fir wat Dir net averstane sidd. Dir hutt dofir 40 Deeg Zäit nodeem Dir Är Decisioun kritt hutt.

Wéi eng Demarchë musse gemaach ginn, wann déi fleegebedürfteg Persoun stierft ?

Keng. En Acte de Décès brauch net rageschéckt ze ginn. Den Dossier gëtt automatesch traitéiert.



Haut de page

Copyright © Ministère de la Sécurité Sociale   Aspects légaux | Contact