-
Persoun déi Hëllef brauch bei den alldeeglechen Aktivitéite vum Liewen.
-
Dës Hëllef muss iwwert en Zäitraum vu mindestens 6 Méint bestoe bleiwen oder et ass sécher dat keng Verbesserung méi antrëtt. D’Fleegeversécherung iwwerhëlt keng Fleeg vu kuurzer Dauer.
-
Dës Hëllef muss mindestens 3,5h an der Woch ausmaachen.
-
Als Ursaach fir des Hëllef muss eng Krankheet oder en anert Gebrieche virleien, sief dat kierperlecher, séilecher oder geeschteger Natur.
Wann e sei Stod net méi ka maachen, awer nach keng Hëllef brauch fir di alldeeglech Aktivitéite vum Liewen, dann ass en nom Gesetz net fleegebedürftig.
|